Allgemeng Benotzungsbedéngunge (CGU) fir de Site

Jiddwereen, deen Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Software a verschidde Servicer (zesummen d'"Servicer" genannt) benotzt, déi op dësem Site sinn, huet all d’Begrëffer an d’Hiwäiser vun dësen allgemenge Benotzungsbedéngungen zur Kenntnis geholl a stëmmt dësen zou.

Mat "Organ" gëtt d'ëffentlech Autoritéit, de Ministère, d'Administratioun oder all anert ëffentlecht Organ bezeechent, dat eleng oder zesumme mat anere verantwortlech ass fir dëse Site.

Dem Benotzer seng Flichten

Den Zougang zum Site kritt een iwwer Internet. De Benotzer erkläert, dass hien déi domat verbonne Risike kennt an se acceptéiert. Hie muss sech virun Internetpiraterie schützen, andeems hien eng gëeegent a sécher Computerkonfiguratioun wielt.

De Lëtzebuerger Staat kann net responsabel gemaach gi fir e Schued, deen de Benotzer op dësem Site kéint kréien, sief dat direkt oder indirekt a Verbindung mat senger Navigatioun um Site an dem Benotze vun de Servicer, sou wéi a Verbindung mat den Internetsitten, op déi um Site verwise gëtt.

D'Benotze vum Site ass gratis.

Verwaltung vun de Cookien

Dëse Site benotzt Clientscookien, kleng Textfichieren, déi et erlaben, Informatiounen zum Benotzer sengem Surfen um Site z’analyséieren (Heefegkeet vun de Visitten, Dauer vun de Visitten, ofgeruffe Säiten, etc.).

Si gi vum Site an engem Repertoire ofgeluecht, deen et zu dësem Zweck um Benotzer sengem Computer gëtt. Dran opgelëscht si virun allem den Numm vum Server, en Identifiant a Form vun enger eemoleger Nummer an en Oflafdatum. Den eemolegen Identifiant erlaabt et dem Site, de Computer vum Benotzer bei all Visite erëmz’erkennen. D'Cookië vun enger Sessioun gi vum Benotzer sengem Computer geläscht, esoubal d'Sessioun eriwwer ass. Allerdéngs bleiwen déi persistent Cookien um Benotzer sengem Computer bis 1 Mount nom Enn vun der Sessioun erhalen.

De Benotzer ka selwer decidéieren, ob en dem Server vun dësem Site d'Erlaabnis gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren oder net. Hien huet zu all Moment d'Wiel, fir d'Optiounen a sengem Browser esou anzestellen, dass d'Cookië weder acceptéiert nach gespäichert ginn. Ausserdeem kann en zu all Moment, iwwer de Browser, Cookië läschen, déi scho gespäichert sinn (cf. Charte vun de Cookien).

D'Benotze vu verschiddene Funktionalitéite vum Site kann ageschränkt oder desaktivéiert ginn, wann de Benotzer d'Cookië vum Site refuséiert. Dem Benotzer gëtt geroden, säi Browser esou anzestellen, dass d'Cookië vum Site acceptéiert ginn.

Ännerung vum Site

De Lëtzebuerger Staat behält sech d'Recht vir, dëse Site, ouni Ukënnegung am Viraus, weiderz’entwéckelen, ze änneren oder ze spären, dëst aus Grënn wéi Maintenance, Update oder wéinst all anerem Motiv, deen als néideg gesi gëtt.

Et ass wichteg ervirzesträichen, dass de Lëtzebuerger Staat zu all Moment all Informatiounen oder en Deel dovun, déi op deem Site gewise ginn, grad esou wéi Servicer, déi ugebuede ginn, zeréckzéien, bäisetzen, vervollstännegen oder méi präzis duerstelle kann. De Lëtzebuerger Staat ka fir keen direkten oder indirekte Schued am Zesummenhang mat esou Ännerunge responsabel gemaach ginn.

Allgemeng Responsabilitéitsaschränkungen

De Lëtzebuerger Staat mécht säi Bescht, fir eng gréisstméiglech Disponibilitéit vun dësem Site oprechtz’erhalen. Allerdéngs kéint de Staat net responsabel gemaach ginn, wann de Site fir eng Zäit oder ganz géif ausfalen.

De Lëtzebuerger Staat suergt fir déi beschtméiglech Sécherheet vum Computersystem. Allerdéngs kéint de Staat am Fall vun Attacken op de Computersystem oder am Fall vun zäitweilegem oder ganzem Ausfall vum Site net responsabel gemaach ginn.

De Lëtzebuerger Staat suergt dofir, dass d'Daten op dësem Site esou exakt wéi méiglech sinn. Am Fall wou en Update vun enger Informatioun oder engem Formulaire net gemaach gouf, am Fall wou et Feeler am Ëmgang mam System oder mat der Verschlësselung gëtt, Ongenauegkeeten oder Lacunnen an de gewisenen Informatiounen oder eventuell Iertemer, kéint de Staat awer net responsabel gemaach ginn. Effektiv ass d'Zil, richteg an aktuell Informatiounen aus verschiddene Quellen ze verbreeden, mä de Lëtzebuerger Staat kéint awer net all Risiko fir en inhaltleche Feeler vermeiden. Keng vun den Informatiounen, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, gëtt sech den Usproch, vollstänneg ze sinn, oder stellt en Engagement vum Lëtzebuerger Staat duer. D'Verbreedung an d'Iwwersetzungen dovun dénge just fir Informatiounszwecker. Verbindlech si just d'Gesetzestexter, déi am Memorial (Journal Officiel du Grand-Duché de Luxembourg) verëffentlecht ginn. D'Informatiounen op dësem Site hunn en allgemenge Charakter. D'Informatioune si kenge perséinlechen oder spezifeschen Ëmstänn ugepasst a kënnen deemno net als perséinlech, berufflech oder juristesch Rotschléi fir de Benotzer ugesi ginn. Wann de Benotzer perséinlech oder spezifesch Rotschléi brauch, muss en ëmmer déi kompetent Servicer vun de verschiddenen Administratiounen zu Rot zéien.

Responsabilitéitsaschränkungen vum Site

Dëse Site ass ausdrécklech net responsabel fir all direkt an indirekt Konsequenzen ewéi:

  • E Kompatibilitéitsfeeler tëschent dem offréierte Service an den Equipementer, den Applikatiounen, de Prozeduren oder Infrastrukture vum Benotzer oder vun Drëttpersounen;
  • Eng Sécherheetsschwaachstell, déi vum Benotzer oder enger Drëttpersoun kënnt an, méi allgemeng, all Sécherheetsschwaachstell, déi net direkt dësem Site kann zougeschriwwe ginn;
  • Konsequenze vu Feeler an/oder Bedruch, begaange vum Benotzer oder enger Drëttpersoun;
  • En eventuelle Mangel un Disponibilitéit oder e schlechte Fonctionnement vun de Systemer oder vun den elektronesche Kommunikatiounsnetzwierker.

Linken op extern Sitten

Am Sënn vum Benotzer sinn op dësem Site Linken op aner Sitten ze fannen, déi fir hien nëtzlech kéinte sinn oder hie kéinten interesséieren. De Lëtzebuerger Staat a besonnesch dat verantwortlecht Organ kontrolléieren net systematesch den Inhalt vun dëse Sitten. Deemno kéinten se net responsabel fir d'Inhalter vun dësen Internetsitte gemaach ginn, sief et um Niveau vun hirer Legalitéit oder der Richtegkeet vun den Informatiounen, déi een do fënnt.

Geeschtegt Eegentum

De Site, all seng Elementer (dorënner och de Layout) an och d'Informatiounen an d'Servicer sinn iwwer d'Gesetzer zum intellektuelle Besëtz an zu den Auteursrechter geschützt.

Souwäit net anescht uginn, accordéiert de Lëtzebuerger Staat keng Lizenz oder Geneemegung a Bezuch op geeschteg Eegentumsrechter, déi hien op dëst Portal, seng Komponenten oder Servicer huet. Ausserdeem ass all deelweis oder vollstänneg Reproduktioun vun den Informatiounen oder Servicer, egal mat wéi enge Moyenen, nëmme mat enger schrëftlecher Autorisatioun vum Organ erlaabt.

Souwäit net anescht uginn, ass de Benotzer ënnert folgende Bedéngungen autoriséiert, d'Textdokumenter ze consultéieren, erofzelueden oder ze drécken:

  • D’Dokumenter an Informatiounen däerfen nëmmen an engem streng privaten a perséinleche Kader zur Informatioun benotzt ginn.
  • D’Dokumenter an Informatiounen däerfen net verännert ginn, ënnert kenger méiglecher Form.
  • D’Dokumenter an Informatiounen däerfen net ausserhalb vun dësem Site verbreet ginn, ausser mat schrëftlecher Autorisatioun vum Organ.

D'Rechter, déi Iech uewen implizit oder explizit accordéiert goufen, stellen eng Benotzungsautorisatioun duer an op kee Fall en Oftriede vu Rechter, Proprietéit oder Anerem am Zesummenhang mat dësem Site.

Ännerung vun den allgemenge Benotzungsbedéngungen

Déi gëlteg Allgemeng Benotzungsbedéngunge kënnen zu all Moment an ouni Ukënnegung geännert oder vervollstännegt ginn, ofhängeg vun den Ännerungen, déi um Site gemaach ginn, vun der Entwécklung vun der Legislatioun oder aus all anerem Grond, deen als néideg gesi gëtt. Et ass um Benotzer, fir sech iwwer déi allgemeng Benotzungsbedéngungen um Site z’informéieren an hie soll sech bewosst sinn, dass just déi aktuell online Versioun als déi gëllt, déi a Kraaft ass. Et ka sinn, dass vun enger Visite um Site zu enger nächster déi allgemeng Benotzungsbedéngunge geännert hunn an et ass dann um Benotzer, fir déi lescht Ännerunge virun enger neier Visite um Site ze liesen.

Ze applizéierend Gesetz a kompetent Geriichtsbarkeet

All Rechtssträit, dee mam Benotze vum Site a senge Servicer zesummenhänkt, ënnerläit dem Lëtzebuerger Recht a fält ënner d'exklusiv Kompetenz vun der Lëtzebuerger Geriichtsbarkeet.

Schutz vu perséinlechen Daten

Déi vum SRE beaarbecht perséinlech Date falen an den Applikatiounsberäich vun zwee ënnerschiddleche Rechtskaderen, jee nodeem, ob et sech ëm Daten handelt, déi am Kader vun den SRE-Missiounen am Aklang mam Artikel 3 vum Gesetz vum 5. Juli 2016 iwwert d'Reorganisatioun vum SRE oder an engem anere Kontext, wéi dës Internetsäit, traitéiert ginn.

  • Den Traitement vu perséinlechen Daten, déi am Kader vun de Missioune vum SRE beaarbecht ginn, gëtt vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwert de Schutz vun natierleche Persounen a Bezuch op den Traitement vu perséinlechen Daten am Strofrecht an hisiichtlech der nationaler Sécherheet geregelt, deen d'Direktiv 2016/680 vum 27. Abrëll 2016 iwwert de Schutz vun natierleche Persounen a Bezuch op den Traitement vu perséinlechen Daten duerch déi zoustänneg Autoritéite fir Strofdoten ze verhënneren an z'erkennen, iwwert dës Strofdoten z'ermëttelen an se ze verfollegen oder fir d'Vollstreckung vu strofrechtleche Sanktiounen an iwwert de fräie Verkéier vun dësen Daten (cf. "Opsiicht"), an d'lëtzebuergescht Recht transposéiert.
  • Perséinlech Daten, déi net am Kader vun de Missioune vum SRE beaarbecht ginn, ginn am Aklang mam Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 27. Abrëll 2016 iwwert de Schutz vun natierleche Persounen a Bezuch op den Traitement vu perséinlechen Daten an de fräien Dateverkéier (GDPR) traitéiert.

De Verantwortleche vun dësem Traitement ass de staatlechen Noriichtendéngscht (SRE), B.P. 467, L-2014 Lëtzebuerg.

Wann de Benotzer de Kontaktformulaire benotzt, beaarbecht den SRE Nimm, Virnimm, E-Mail-Adressen an Telefonsnummere vum Benotzer, an d'Noriicht, déi de Benotzer un den SRE schéckt. Den Zweck vun dësem Traitement ass d'Identifizéierung vum Benotzer an d'Kommunikatioun mat dësem, sou wéi d'Méiglechkeet, op viregt Kommunikatioune mam selwechte Benotzer zeréckzekommen. D'legal Grondlag vun dësem Traitement ass d'Zoustëmmung vum Benotzer, déi hien dee Moment gëtt, wou hien d'Noriicht un den SRE schéckt. Dës Date gi maximal fënnef Joer gespäichert. Wann den Traitement net méi noutwenneg ass, ginn d'perséinlech Date virum Oflafe vun der maximaler Späicherfrist zerstéiert.

Den SRE behält sech d'Recht vir, déi traitéiert perséinlech Daten un aner lëtzebuergesch ëffentlech Ariichtunge weider ze ginn, déi dës Daten och am Aklang mam applicabele Rechtskader beaarbechten.

Bei all Benotzung vun dëser Internetsäit späichert de Staat Lëtzebuerg aus Sécherheetsgrënn d'Daten a Bezuch op d'IP-Adress vun de Benotzer an de Protokoller vun de Webserveren. Den SRE ass allerdéngs net fir den Traitement vun dësen Date verantwortlech.

Laut dem Artikel 15 vun der Dateschutz-Reglementatioun (GDPR) kann déi betraffe Persoun den SRE ëm den Zougang zu de perséinlechen Daten iwwert si bieden, déi vum SRE am Kader vun der Benotzung vun dëser Internetsäit traitéiert ginn. An dësem Fall stellt den SRE der betraffe Persoun eng Kopie vun den traitéierte perséinlechen Date bereet.

Ausserdeem huet déi betraffe Persoun d'Recht op d'Rektifikatioun (Art. 16 GDPR), op d'Supressioun (Art. 17 GDPR), op d'Aschränkung vum Traitement (Art. 18 GDPR), op d’Portabilitéit vu hiren Daten (Art. 20 GDPR), an e Widderruffungsrecht (Art. 21 GDPR). A Fäll wou den Traitement op d'Zoustëmmung vun der betraffener Persoun baséiert, huet dës Persoun d'Recht hir Zoustëmmung zu jidder Zäit ze widderruffen.

Wann Dir dës Rechter benotze wëllt, kontaktéiert w.e.g. eisen Delegéierte fir den Dateschutz (sre_dpo@me.etat.lu ). 

Dir kënnt och eng Reklamatioun areechen oder e Litige bei der Nationaler Dateschutzkommissioun, mat Sëtz um 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux, mellen.

Opgepasst: Dës Rechter beschränke sech streng op d'Daten, déi vum SRE a Bezuch op dës Internetsäit traitéiert ginn, besonnesch de Kontaktformulaire fir dës Internetsäit. Déi vum SRE beaarbecht perséinlech Daten am Zesummenhang mat senge Missiounen, wéi am Artikel 3 vum Gesetz vum 5. Juli 2016 iwwert d'Reorganisatioun vum staatlechen Noriichtendéngscht definéiert, falen net an den Applikatiounsberäich vum GDPR. Méi Informatiounen iwwert d'perséinlech Daten, déi den SRE am Kader vu senge Missiounen traitéiert, fannt Dir am Abschnitt "Opsiicht".

Beaarbechtung vun Date bei der Miessung vu Besucherquoten

Gewëssen Daten iwwert d'Material an d'Software vum Benotzer, mat deenen een hien net identifizéiert kritt, gi während senger Visite um ëffentleche Site gesammelt. Dës Sammlung huet als eenzegen Zweck, eng Heefegkeetsstatistik opzestellen (Browser-Typ, Opléisung, ongeféier Lokalisatioun, asw.), fir dem Benotzer nach besser kënnen ze déngen.

Déi komplett IP-Adress vum Benotzer gëtt a kengem Fall gespäichert. Well nëmmen en Deel vu der IP-Adress fir global Statistike gespäichert gëtt, ass et a kengem Fall méiglech, de Benotzer z’identifizéieren.

Dës Date ginn an Europa vun engem Fournisseur gespäichert an ënnerbruecht, an dësem Fall d'Firma Adobe Systems Inc., deen deeneselwechte gesetzleche Flichten ënnerläit, wat de perséinlechen Dateschutz ubelaangt, an dëst fir de Fall, wou esou Daten an Zukunft sollte gesammelt ginn.

D'Date ginn net méi laang versuergt, wéi et Zäit brauch, fir d'Entwécklung vun den Aschaltquoten ze beobachten, wat ofhängeg ass vun der Entwécklung vun de Browseren, vun de benotzten Opléisungen a vun aneren disponibele statisteschen Daten.

De Verantwortleche fir dës Beaarbechtung ass dat verantwortlecht Organ fir dëse Site.

Aktualiséiert