FAQ

Meescht gestallte Froen

Äntwerten op är Froen

Den SRE

Säit wéini gëtt et den SRE?

D'Geschicht vum Staatlechen Noriichtendéngscht (Service de renseignement de l'État – SRE) geet zeréck an d'Joer 1960. Déi Lëtzebuerger NATO-Zougehéieregkeet huet d'Land den 30. Juli 1960, matzen am Kale Krich, dozou beweegt säin éischte richtegen Noriichtendéngscht ze grënnen.

Säitdeem goufen seng Attributiounen, seng Funktiounsweis, seng Mëttelen a Ressourcë grad ewéi och d'Kontrollmechanismen ugepasst, fir der Bedrohungslag, dem technologesche Fortschrëtt an de rechtleche Kaderbedéngunge Rechnung ze droen.

Duerch d'Gesetz vum 15. Juni 2004 gouf de Service reforméiert fir esou seng Missiounen ze moderniséieren a se der Evolutioun vun de Bedrohungen unzepassen. Des Weidere goufen och d'Mëttelen, déi dem Service zur Verfügung stinn, seng Mataarbechter an den Zougang zu Informatioune besser definéiert. D'Gesetz vun 2004 huet verschidde Virgoensweise virgesinn, ouni d'Geheimhaltung vun de Missioune vum Service ze beanträchtegen. Des Weidere gouf doduercher och eng parlamentaresch Kontroll vun den Aktivitéite vum Service agefouert, déi di bestoend Kontrolle vu Säitens der Regierung an der Justiz ergänzt huet.

D'Gesetz vum 5. Juli 2016 baséiert haaptsächlech op de Recommandatiounen, déi d'Enquêtëkommissioun de 5. Juli 2013 an hirem Rapport iwwert de Staatlechen Noriichtendéngscht publizéiert hat. Op der Grondlag vun den Erfarungen aus der Vergaangenheet war et d'Zil dem neien Noriichtendéngscht e legale Kader ze ginn, grad esou wéi Ressourcen, déi besser un déi operationell Uspréch (aktueller an zukünfteger) ugepasst waren, mee och un déi demokratesch a rechtlech Ufuerderunge vum Rechtsstaat. Mat dësem Text gouf en nationalen Noriichtendéngscht geschaf, mat engem klore legale Kader an adequate Kontrollmechanismen a -prozeduren.

Weider Detailer fannt Dir am Kapitel "Geschicht vum SRE".

Wéi engem Minister ënnersteet den SRE?

Den SRE ënnersteet direkt deem Member vun der Regierung, deen de Staatlechen Noriichtendéngscht a sengen Attributiounen huet, dat heescht de Premierminister.

Ass den SRE eng Geheimpolice?

Neen, den SRE ass keng Geheimpolice a seng Mataarbechter hu keng polizeilech Pouvoiren.

Seng Aufgab besteet doranner Bedrohungen, déi di nationale Sécherheet betreffen, fréizäiteg z'erkennen an ze verhënneren.

Den SRE schafft enk mat de Justizautoritéiten, der Groussherzoglecher Police an den nationalen Administratiounen zesummen, an iwwermëttelt hinnen Informatiounen, déi di national Sécherheet betreffen.

Firwat dierfen d'Agente vum SRE net iwwer hir Aarbecht schwätzen?

D'Agente vum SRE sinn zur Diskretioun verflicht an däerfen net mat Persounen iwwer hir Aktivitéite schwätzen, déi net dozou berechtegt sinn doriwwer Kenntnis ze hunn (Need-to-know-Prinzip). Am Kader vun hiren Aufgaben traitéieren si klassifizéiert Informatiounen, déi di national Sécherheet, d'Sécherheet vun auslännesche Staaten oder d'Sécherheet vun internationalen oder supranationalen Organisatioune betreffen. D'"SRE-Gesetz" verbitt et esouwuel aktuellem wéi och fréierem Personal vum Service, ouni viregt Autorisatioun, geheim Informatiounen ze offenbaren, déi hinnen am Kader vun hire Missiounen uvertraut goufen. Bei engem Verstouss gesäit d'Gesetz eng Prisongsstrof vun 8 Deeg bis 6 Méint, an eng Geldstrof vu 500 bis 5 000 Euro vir. Eng onerlaabte Verëffentlechung vun esou Informatioune kéint d'Sécherheet vu Lëtzebuerg oder vun engem vu senge Partnerstaaten, mee och déi international Relatioune vu Lëtzebuerg oder säi wëssenschaftlecht a ekonomescht Potential a Gefor bréngen.

Firwat kommunizéiert den SRE net iwwert seng operationell Methoden?

Déi operationell Aktivitéiten am Kader vum Beschafe vun Informatiounen iwwer Persounen oder Themen iwwer déi den SRE enquêtéiert, grad esou wéi d'Methoden an déi technesch Mëttel déi heifir benotzt ginn, mussen onbedéngt viru feindleche Staaten oder Acteure geschützt ginn. Dës kéinten dat nämlech fir hir eegen Zwecker notzen an domadder den Interessie vu Lëtzebuerg schueden.

Aktivitéite vum SRE

Mat wéi enge Bedrohunge befaasst sech den SRE?

 

Den SRE féiert seng Missioun am Kontext vun der Präsenz vun enger Bedrohung oder vun engem Bedrohungsrisiko aus. Dat heescht eng Aktivitéit déi follgend Beräicher kompromettéiere kéint:

  •   d'Onofhängegkeet an d'Souveränitéit vum Staat;
  • d'Sécherheet an d'Fonctionnement vun den Institutiounen;
  • d'Grond- a Fräiheetsrechter, d'Sécherheet vun de Persounen a Gidder;
  • d'wëssenschaftlecht an technescht Potential;
  • d'wirtschaftlech Interête vum Land;
  • d'Sécherheet vu frieme Länner oder vun internationalen a supranationalen Organisatiounen, mat deene Lëtzebuerg Accorden ofgeschloss huet.

D'Gesetz preziséiert wéi eng Aart vu potentielle Menacë fir déi nationale Sécherheet bestinn:

  • Spionage an Aflossnam;
  • Gewaltbereeten Extremismus;
  • Terrorismus;
  • Verbreedung vu Massevernichtungswaffen oder verdeedegungsrelevante Gidder zesumme mat den entspriechenden Technologien;
  • organiséiert Kriminalitéit oder Cyber-Bedrohung, souwäit dës mat deene virgenannten Aktivitéiten zesummenhänken.

 

Wéi ginn d'Prioritéite vum SRE festgeluecht?

D'Aktivitéite vum SRE a seng thematesch Prioritéite ginn an enger Richtlinn festgeluecht, déi vum Ministercomité fir de Renseignement, op Virschlag vum Premierminister, verfaasst gëtt.

Dës Richtlinn gëtt reegelméisseg (mindestens ee Mol d'Joer) aktualiséiert a der parlamentarescher Kontrollkommissioun zur Informatioun iwwermëttelt.

Wéi ginn d'Aktivitéite vum SRE kontrolléiert?

D'Aktivitéite vum SRE ginn op 4 Niveauen iwwerwaacht:

  1. Op politeschem Niveau: De Ministercomité fir de Renseignement leet déi allgemeng Renseignementspolitik fest a bestëmmt an iwwerwaacht d'Orientéierunge vum SRE.
  2. Op administrativem Niveau: Den Delegéierte beim SRE iwwerwaacht den interne Fonctionnement vum Service a mécht dem Premierminister reegelméisseg e Rapport.
  3. Um Niveau vun de Geriichtsinstanzen: D'Spezialkommissioun setzt sech aus dräi Magistraten zesummen. Si geneemegt am Virfeld verschidden Informatiounsbeschafungsmoossnamen (z. B. wann den SRE Ecoutte plangt).
  4. Op parlamentareschem Niveau: D'Kommissioun vum Staatlechen Noriichtendéngscht, där hir Zesummesetzung am Règlement vun der Chamber definéiert gëtt. Si iwwerwaacht sämtlech Aktivitéite vum SRE a gëtt reegelméisseg doriwwer informéiert.

De Rechnungshaff iwwerpréift d'Comptabilitéit vum SRE.

Déi national Dateschutzkommissioun ass zoustänneg fir z'iwwerpréiwen an z'iwwerwaachen ob den SRE d'Rechtsvirschrëfte geméiss Artikel 39 vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwert de Schutz vun natierleche Persounen a Bezuch op den Traitement vu perséinlechen Daten am Strofrecht an hisiichtlech der nationaler Sécherheet respektéiert.

Ënnert wéi enge Konditioune kann den SRE seng operationell Methoden asetzen?

Déi operationell Methode ginn agesat wann eng eendeiteg Menace fir déi national Sécherheet besteet. Dës Menacë kënnen Auswierkungen op follgend Beräicher hunn:

  •  d'Onofhängegkeet an d'Souveränitéit vum Staat;
  • d'Sécherheet an d'Fonctionnement vun den Institutiounen;
  • d'Grond- a Fräiheetsrechter, d'Sécherheet vun de Persounen a Gidder;
  • d'wëssenschaftlecht an technescht Potential;
  • d'wirtschaftlech Interête vum Land;
  • d'Sécherheet vu frieme Länner oder vun internationalen a supranationalen Organisatiounen, mat deene Lëtzebuerg Accorden ofgeschloss huet.

Esou ginn zum Beispill Telekommunikatiounsiwwerwaachungen, déi am Kader vun den Enquête vum SRE duerchgefouert ginn, streng duerch d'Gesetz vum 5. Juli 2016 iwwert d'Reorganisatioun vum SRE definéiert. Fir op dës speziell Methode fir Informatiounen ze sammele kënnen zréckzegräifen, muss am Virfeld eng Autorisatioun vu verschiddene Kontrollinstanze virleien (Méi dozou am Kapitel "Opsiicht vum SRE").

Gehéiert déi intern politesch Iwwerwaachung och zu den Aktivitéite vum SRE?

D'Gesetz ass an dësem Punkt ganz kloer: déi intern politesch Iwwerwaachung gehéiert net zu den Aufgabe vum SRE.

Kooperéiert den SRE mat auslännesche Partner?

Op internationalem Niveau schafft de Staatlechen Noriichtendéngscht (SRE) mat enger Rei europäeschen an internationale Partner zesummen. Dësen Austausch vun Informatiounen erméiglecht eng besser Aschätzung vun der allgemenger Sécherheetslag, souwéi vu potentielle feindlechen Aktivitéiten aus dem Ausland.

Mee dës Kooperatioun geet wäit iwwert en einfachen Austausch vun Informatiounen eraus. Besonnesch am Beräich vum Kampf géint den Terrorismus gëtt dës multilateral Kooperatioun ëmmer méi operationnell. An Europa, beispillsweis, tauschen d'Sécherheetsagenten an Echtzäit Informatiounen aus, a schaffe gemeinsam Strategien aus fir géint konkreet Menacë virzegoen. Esou huet dës multilateral Kooperatioun schonn zur Verhaftung vun Terroristen an zur Verhënnerung vu gewaltsamen Aktioune bäigedroen.

Sécherheetshabilitatioun

Wat ass eng Sécherheetshabilitatioun?

Eng Sécherheetshabilitatioun (oder nach "Clearance" genannt) ass gesetzlech virgeschriwwen, wann eng Persoun am Kader vun hirer berufflecher Aktivitéit oder Funktioun op klassifizéiert Informatiounen zougräife muss, déi vun "RESTREINT" bis "TRÈS SECRET" kënnen agestuuft sinn.  Ënnert "klassifizéiert Informatiounen" versteet ee sensibel Donnéeën, déi bei enger onerlaabter Verëffentlechung der Sécherheet vu Lëtzebuerg oder engem Partnerstaat, den internationale Bezéiunge vum Grand-Duché oder nach dem wëssenschaftlechen a wirtschaftleche Potential vum Land schuede kéinten.

Wéi eng Klassifikatiounsgrade ginn et?

Klassifizéiert Informatioune gi jee no Sensibilitéit a véier Niveauen agedeelt. De Klassifikatiounsgrad bestëmmt och déi physesch Sécherheetsmoossnamen an Zougrëffskontrollen, déi opgestallt musse ginn, fir déi betraffen Donnéeën ze schützen.

Zu Lëtzebuerg gi sensibel Informatiounen a véier Niveaue klassifizéiert:

  • TRÈS SECRET LUX (Streng geheim LUX)
  • SECRET LUX (Geheim LUX)
  • CONFIDENTIEL LUX (Vertraulech LUX)
  • RESTREINT LUX (Nëmme fir den Déngschtgebrauch LUX)

Fir op klassifizéiert Informatioune kënnen zouzegräifen, muss déi betraffe Persoun zwou Bedéngungen erfëllen:

  • Si muss Titulaire vun enger Sécherheetshabilitatioun sinn, déi op d'mannst dem Astufungsgrad vun der klassifizéierter Informatioun entsprécht. Beispill: Just eng Persoun mat der entspriechender Sécherheetshabilitatioun kann op Informatiounen zougräifen, déi als streng geheim agestuuft sinn (TRÈS SECRET LUX).
  • De sougenannte Prinzip vum "Need-to know" (Kenntnis nëmme falls néideg) muss erfëllt sinn. Dat bedeit, dass déi betraffe Persoun Zougrëff op eng bestëmmten Informatioun brauch, hiren Inhalt kenne muss, oder se an hire Besëtz kréie muss, fir hir Aarbecht oder hir berufflech Missioun kënnen auszeféieren.

Op europäeschem an internationalem Niveau ginn et zousätzlech Kategorie vu Klassifikatiounen.

Gesetzlech Grondlagen: Gesetz vum 15. Juni 2004 iwwert d'Klassifizéierung vun de Piècen an iwwert d'Sécherheetshabilitatiounen (op Franséisch).

Wéi kritt een eng Sécherheetshabilitatioun?

Zu Lëtzebuerg ginn d'Sécherheetsattestatioune vun der Nationaler Autoritéit fir Sécherheet (ANS) ausgestallt, dat nodeems eng Sécherheetsenquête gemaach gouf an d'Habilitatioun vum Premierminister ënnerschriwwe gouf.

D'ANS féiert d'Sécherheetsenquête op Basis vun enger motivéierter Ufro vum Sécherheetsoffizéier duerch, deem déi betraffe Persoun ënnersteet, fir déi den Zougrëff op déi klassifizéiert Informatiounen soll autoriséiert ginn.

Zil vun esou enger Enquête ass et z'iwwerpréiwen, ob den Demandeur déi néideg Garantië vun Diskretioun, Loyalitéit an Integritéit matbréngt, fir Zougrëff op klassifizéiert Informatiounen ze kréien an dës dierfen ze traitéieren.

Och juristesch Persounen, wéi privat Betriber, kënnen eng Sécherheetshabilitatioun kréien, wann si déi néideg Garantien a Bezuch op déi materiell an technesch Mëttelen an d'Methoden zum Schutz vu klassifizéierten Informatiounen erfëllen, souwéi a Bezuch op d'Diskretioun, d'Loyalitéit an d'Integritéit vun den Organer, déi méiglecherweis Zougang zu klassifizéierten Informatiounen hunn.

Responsabel Autoritéit fir Sécherheetshabilitatiounen:

National Autoritéit fir Sécherheet (ANS)

Tel.: 247 88232

habilitations@ans.etat.lu

Beim SRE schaffen

Firwat beim SRE schaffen?

D'Welt vun den Noriichtendéngschter ass faszinéierend an usprochsvoll zugläich.

Beim SRE schaffe, bedeit:

  • Är Kompetenzen an Ären Engagement an den Déngscht vun der nationaler Sécherheet ze stellen;
  • Deel vun enger villsäiteger a multidisziplinärer Ekipp ze sinn;
  • an engem dynameschen an international orientéierte berufflechen Ëmfeld ze schaffen;
  • villfälteg Opportunitéite fir Är berufflech Weiderentwécklung wärend Ärer ganzer Karriär gebueden ze kréien.

Weider Informatiounen zu den aktuelle fräie Posten an Opnambedéngunge fënnt een op GovJobs.lu.

Wéi eng Profiller gi gesicht?

Dir interesséiert Iech fir nei Technologien, Geschicht, Geopolitik, Sproochen, Cybersécherheet oder kënschtlech Intelligenz?

Dir hutt zum Beispill eng Ausbildung an de Beräicher IT, Droit, Data Science oder Iwwersetzung?

Dir verfüügt iwwert exzellent redaktionell an analytesch Fäegkeeten?

D'Profiller, déi den SRE sicht, si ganz variéiert – vu méi allgemenge bis zu héich technesche Profiller, dorënner Linguisten a Mataarbechter fir eis Supportservicer, wéi de Personalbüro oder d'Archiven.

Den SRE ass ëmmer op der Sich no qualifizéiertem Personal, dat e reellen Interessi an Engagement fir déi national Sécherheet matbréngt. Fir am Beräich vum Noriichtendéngscht ze schaffen, sinn Integritéit, Professionalismus, emotional Stabilitéit, Eegeninitiativ an Teamgeescht wichteg Viraussetzungen. Doriwwer eraus sinn Diskretioun an Disponibilitéit wichteg Eegenschaften.

Och Diversitéit gëtt beim SRE groussgeschriwwen. En déift Verständnis a gutt Kenntnisser vu verschiddene Sproochen a Kulture sinn deemno fir den SRE vu grousser Bedeitung.

Weider Informatiounen zu de fräie Poste fënnt een op GovJobs.lu.

Wéi kann ee beim SRE postuléieren?

Informatiounen zu den aktuelle fräie Posten an Opnambedéngunge fënnt een um Portal vun der Fonction publique: GovJobs.lu. Kandidature sinn iwwer GovJobs.lu eranzeschécken.

Bei Froen zu eiser Rekrutementsprozedur oder zu de fräie Posten, kënnt Dir Iech per E-Mail un den SRE wenden: sre_rh@me.etat.lu.

Wann Dir beim SRE postuléiere wëllt, bleift wgl. diskret wat Är Kandidatur betrëfft a schwätzt net mat Drëttpersounen doriwwer.

Firwat brauchen all d'Agente vum SRE eng Sécherheetshabilitatioun?

Am Kader vun hirer Aktivitéit, hunn d'Agente vum SRE Zougrëff op klassifizéiert Informatiounen. Deemno muss all Persoun, déi beim SRE schafft, zwéngend iwwert eng Sécherheetshabilitatioun verfügen. Fir esou eng Habilitatioun ze kréien, muss all betraffe Persoun sech enger Sécherheetsenquête ënnerzéien éier si beim SRE ufänke kann. Zil vun esou enger Enquête ass et z'iwwerpréiwen, ob den Demandeur déi néideg Garantië vun Diskretioun, Loyalitéit an Integritéit matbréngt, fir Zougrëff op klassifizéiert Informatiounen ze kréien.

Dës Sécherheetsenquête ass e feste Bestanddeel vun der Rekrutementsprozedur. Jee no Dossier, kann dës Prozedur bis zu e puer Méint daueren.

Eng Bedrohung mellen

Wéi kann een eng Bedrohung mellen?

Dir hutt Informatiounen, déi fir den SRE vun Interessi kéinte sinn – zum Beispill am Zesummenhang mat Terrorismus, gewaltorientéiertem Extremismus oder Spionage?

Hutt Dir den Androck dass en auslänneschen Noriichtendéngscht un Iech erugetrueden ass?

Géift Dir gären e Fall vu gewalttäteger Radikaliséierung mellen?

An deem Fall kënnt Dir eise Kontaktformulaire online ausfëllen oder eis per E-Mail op info@me.etat.lu kontaktéieren.

Äre Message muss follgend Informatiounen enthalen:

  • Äre vollstännegen Numm a Virnumm;
  • Ären Employeur oder d'Organisatioun déi Dir representéiert (falls zoutreffend);
  • Äre Message an deem Dir d'Situatioun beschreift, déi Dir melle wëllt oder d'Informatiounen, déi Dir sicht;
  • eng Telefonsnummer, falls Dir vum SRE telefonesch kontaktéiert wéilt ginn.

All Informatioun déi Dir eis matdeelt gëtt streng vertraulech behandelt.

Wann Dir Kenntnis iwwert eng imminent liewensbedrolech Menace hutt, rufft direkt bei der Police um 113 un.

Wéi gëtt zu Lëtzebuerg den Niveau vun enger Bedrohung festgeluecht?

De Regierungsplang "VIGILNAT" ass d'Häerzstéck vum nationale Schutzplang géint déi terroristesch Menace. Et ass en Instrument fir d'Identifizéierung vun Terrorgefor. Dobäi geet et drëms d'Sécherheetslag permanent ze iwwerwaachen, fir potenziell terroristesch Menacen ze evaluéieren an ze identifizéieren. Am Kontext vum "VIGILNAT"-Plang gëtt d'Terrorgefor op enger Skala vun 1 bis 4 evaluéiert. De Bedrohungsniveau gëtt vum Eescht vun der Gefor an der Warscheinlechkeet vun enger Attack determinéiert.

  • Niveau 1 oder "FAIBLE" : D'Terrormenace gëllt als "schwaach" wann se méiglech, awer onwarscheinlech ass.
  • Niveau 2 oder "MOYEN": D'Terrormenace gëllt als "mëttel" wann se reell, awer abstrakt ass.
  • Niveau 3 oder "GRAVE": D'Terrormenace gëllt als "héich" wann se warscheinlech a konkreet ass.
  • Niveau 4 oder "TRÈS GRAVE": D'Terrormenace gëllt als "ganz héich" wann se konkreet an imminent ass, oder am Fall vun enger begaangener Terrorattack.

Aktuell Informatiounen zum Bedrohungsniveau fannt Dir um Site infocrise.public.lu.