Den SRE

Anticipatioun a Präventioun

D'Gesetz vum 5. Juli 2016 iwwert d'Reorganisatioun vum staatlechen Noriichtendéngscht definéiert eendeiteg seng Missioun. Et grenzt och ganz genee de Kontext of, an deem dës Missioun kann ausgeüübt ginn: d'Präsenz vun enger Bedrohung oder engem Bedrohungsrisiko fir d'national Sécherheet, dat heescht eng Aktivitéit, déi d'Onofhängegkeet an d'Souveränitéit vum Staat, d'Sécherheet an d'Fonctionnement vun den Institutiounen, d'Grond- a Fräiheetsrechter, d'Sécherheet vun de Persounen a Gidder, d'wëssenschaftlecht an technescht Potenzial oder d'wirtschaftlech Interête vum Grand-Duché kompromettéiere kéint. Dës Missioun erstreckt sech och op d'Sécherheet vu frieme Länner oder vun internationalen a supranationalen Organisatiounen, mat deene Lëtzebuerg Accorden ofgeschloss huet.

D'Gesetz definéiert d'Aart vun de potenzielle Bedrohunge fir d'national Sécherheet:

  • Spionéieren a Matmëschen;
  • Gewaltbereeten Extremismus;
  • Terrorismus;
  • Verbreedung vu Massevernichtungswaffen oder verteidegungsrelevante Gidder zesumme mat den entspriechenden Technologien;
  • organiséiert Kriminalitéit oder Cyber-Bedrohung souwäit dës mat deene virgenannten Aktivitéiten zesummenhänken.

Dëse Gesetzestext definéiert also engersäits d'Interventiounsberäicher vum SRE a grenzt dës of par rapport zu aneren Ariichtungen, déi fir d'Sécherheet am Land zoustänneg sinn, a garantéiert de Bierger anerersäits, dass d'Renseignementsaktivitéite sech an engem kloeren a präzise legale Kader ofspillen. 

Keng politesch Opsiicht

D'Gesetz ass och an dësem Punkt ganz kloer: intern politesch Iwwerwaachung gehéiert net zu den Aufgabe vum SRE.

Gutt definéiert operationell Methoden

D'Methode vum Noriichtendéngscht suergen dacks fir e gewëssene Virwëtz. D'Sammlung vu Renseignementer erfuerdert effektiv spezifesch Methoden a Mëttel, déi dacks net fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn. D'Parlament huet dofir kloer definéiert, wéi eng Methode benotzt kenne ginn. Si ënnerleie strenge Bedéngungen, geneeë Kritären an enger permanenter Kontroll op verschidden Niveauen. Si mussen och dräi wesentlech Prinzipie respektéieren: Legitimitéit (et gëtt eng Bedrohung, déi d‘Enquête rechtfäerdegt), Proportionalitéit (déi benotzt Moyene musse proportional zur Bedrohung sinn), Subsidiaritéit (eng méi intrusiv Method gëtt nëmme benotzt, wann eng manner intrusiv Method sech als ineffikass fir d'Erreeche vum Zil erweist).

De Prinzip vun der geréngster Intrusioun an d'Privatsphär

Den Text spigelt de politesche Wëllen zeréck, dräi Autorisatiounsniveaue fir d'Recherchesmëttelen z'ënnerscheeden, déi dem Intrusiounsgrad an d'Privatsphär vun de betraffene Persounen ugepasst sinn. An der Regel mussen ëmmer déi Moossnamen ëmgesat ginn, déi am mannsten an d'Privatsphär andréngen, woubäi de Prinzip vun der Proportionalitéit respektéiert muss ginn.

Um Niveau vun der geréngster Intrusioun an d'Privatsphär, kënnen d'Mëttelen nëmme mat schrëftlecher Autorisatioun vum SRE-Direkter op eng begrënnt schrëftlech Demande vum SRE-Agent, deen d'Recherchen duerchféiert, agesat ginn.

Wat déi méi intrusiv Methoden ugeet, wéi zum Beispill d'Iwwerwaachung vun Telekommunikatiounen oder vum Courrier, ass am Virfeld d'Zoustëmmung vun enger Spezialkommissioun noutwenneg, déi sech aus dem President vun der Cour supérieure de justice, dem President vum Verwaltungsgeriicht an dem President vum Bezierksgeriicht zu Lëtzebuerg zesummesetzt. Dës Methode mussen da vum Ministercomité autoriséiert ginn, dee sech am Moment aus dem Staatsminister an deene zwee Vizepremierministeren zesummesetzt.

Am Fall vun enger Bedrohung duerch Spionage, Terrorismus oder Verbreedung vu Massevernichtungswaffen oder verteidegungsrelevante Gidder stinn dem SRE, mat der Zoustëmmung vun der Spezialkommissioun an der Autorisatioun vum Comité, aussergewéinlech Recherchesmoossnamen a -mëttelen zur Verfügung. Dozou gehéieren den Zougrëff op Computersystemer oder den Zougang zu Banktransaktiounen.

Eng jäerlech Roadmap

Fir dem SRE eng besser Strukturéierung vu sengen Aarbechten z'erméiglechen, verfaasst de Ministercomité op Virschlag vum Staatsminister eng Richtlinn, déi all Joer aktualiséiert an un d'parlamentaresch Kontrollkommissioun zur Informatioun iwwermëttelt gëtt. Et ass eng sougenannt "Roadmap", déi d'Aktivitéite vum SRE a seng Prioritéiten spezifizéiert. Eng regelméisseg Aktualiséierung ass noutwenneg, fir d'Entwécklung vun der Bedrohung ze berücksichtegen.

Aktualiséiert