Geschicht

Vum Kale Krich an den Hybridkrich

Aleedung

D'Geschicht vum staatlechen Noriichtendéngscht (SRE) fänkt 1960 un. Säitdem huet de Service sech weiderentwéckelt a säi Parcours spigelt ganz kloer déi verschidden Epochen zeréck. Seng Attributiounen, seng Funktiounsweis, seng Mëttelen a Ressourcen an d'Kontrollmechanisme goufen ugepasst, fir de Bedrohungszoustand, den technologesche Fortschrëtt an d'rechtlech Kaderbedéngungen ze berücksichtegen. Am Kader vu senger Präventiounsaufgab a fir d'Sécherheet vum Staat an de Bierger ze garantéieren, muss den SRE sech haut mat enger ëmmer méi onkloerer, villfälteger, schwéier identifizéierbarer an zimlech onbestänneger Bedrohung ausernee setzen.

1960: Den Ursprong

1960 ass d'Weltuerdnung vum sougenannte "Gläichgewiicht vum Schrecken" geprägt. Mat ongeféier vergläichbare militäresche Ressourcë stoungen sech deemools d'Militärbléck vum Osten a vum Westen, déi engersäits duerch de Warschauer Pakt an anerersäits duerch d'NATO (North Atlantic Treaty Organization) entstane sinn, géigeniwwer.

Déi lëtzebuerger NATO-Ugehéiregkeet huet d'Land den 30. Juli 1960, matzen am Kale Krich, dozou beweegt e richtegen Noriichtendéngscht ze grënnen. Et goung haaptsächlech drëms, d'Interête vum Land a Saache bannenzeg Sécherheet op lëtzebuergeschem Territoire ze schützen. Deemools besteet eng vun de Missioune vum Noriichtendéngscht also doran, z'iwwerpréiwen, ob Persoune mat Zougang zu vertraulechen Informatiounen och vertrauenswierdeg sinn, fir dann no NATO-Kritären akkreditéiert ze ginn. Doriwwer eraus goung et drëms, eventuell auslännesch Spiounen am Grand-Duché z'entlarven a mat de Geheimdéngschter vun deenen anere Länner aus der Atlantescher Allianz a Kontakt ze bleiwen.

Den neien Déngscht huet zu dësem Zäitpunkt déi an den aneren alliéierte Länner applicabel Renseignementsmethode benotzt. Seng Informatiounen huet en sech duerch Filatur, Oflauschteren an extern Informante verschaaft. Sou konnte während deene Joren zu Lëtzebuerg eng Rei auslännesch Spiounen, déi besonnesch fir Ostblocklänner geschafft hunn, entlarvt ginn.

Stay behind: e streng geheime Reseau

Säit dem Ufank vum Noriichtendéngscht gouf e speziellt Departement mat der Iwwerwaachung vun den Aktivitéite vun der lëtzebuergescher Antenn vum Reseau Stay behind beoptraagt. Lokal Strukture goufen et deemools an alle westeuropäesche Länner, woubäi all Land selwer de Kader fir d'Handlunge vu senge Reseausmemberen definéiert huet. D'Antenn vu Lëtzebuerg bestoung aus enger Dosen Zivilisten, déi net ënnerenee verbonne waren an déi am Fall vun enger Invasioun vum Land duerch d'Arméie vum Warschauer Pakt am Land géife bleiwen, fir den Alliéierten Informatioune vum besaten Territoire aus ze verschafen. Am Fall vun enger Invasioun wären d'Missioune vun dësen Agenten dann de Renseignement, d'Exfiltratioun an d'Infiltratioun gewiescht. An dësem Sënn goufe se vum Noriichtendéngscht forméiert, fir verschlësselt Telekommunikatiounsapparater a bestëmmt Techniken am Zesummenhang mam Renseignement, der Infiltratioun an Exfiltratioun vu Persounen um besaten Territoire benotzen ze kënnen. (Zousätzlech Informatiounen zu dësem Thema gëtt et an der Brochure "La Guerre froide au Luxembourg" déi vum Musée national d’histoire et d’art éditéiert gouf - ISBN 978-2-87985-389-5.)

Dëse Reseau gëtt et säit 1989 net méi. En ass allerdéngs erëm ëffentlech opgetaucht am Kader vun der Affär Bommeleeër, déi iwweregens nach ëmmer net opgekläert ass, an déi zwanzeg Attentater tëschent 1984 an 1986 betrëfft, déi virun allem ëffentlech Ariichtunge viséiert hunn.

De 27. Februar 2008 huet den deemolege Premierminister Jean-Claude Juncker dem Charles Goerens, President vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun vum staatlechen Noriichtendéngscht, e Bréif geschéckt, an deem hien d'Kommissiounsmemberen dorun erënnert, dass laut Artikel 15 (3) vum Gesetz vum 15. Juni 2004 iwwert d'Organisatioun vum Noriichtendéngscht, dëse Kontrolle vu bestëmmten Dossieren duerchféieren dierf. Dem Jean-Claude Juncker no ass et fir d'Kontrollkommissioun sënnvoll, sech iwwert folgend Aspekter a Bezuch op d'Aktivitéite vum Service Gedanken ze maachen:

  • d'Gestioun vum Reseau Stay behind duerch de Service vum Ufank bis zum Schluss,
  • d'Bommenuschléi vun de Joren 1985 an 1986 an d'Roll, déi de Service am Kader vun der Enquête iwwert d'Bommeleeër gespillt huet,
  • d'Richtegkeet vun de Behaaptunge bezüglech eventuell Verbindungen tëschent deenen zwee Dossieren.

D'Aarbechten an d'Schlussfolgerunge vun der Kommissioun, déi aus dësem Schreiwes ervirgaange sinn, hunn zu der Ausschaffung vun engem Rapport gefouert, fir deen déi ganz Archive vum SRE opgemaach goufen. D'Kommissioun huet och d'Aussoen héiere vum Éierepremierminister Jacques Santer, vum Procureur d'État Robert Biever, vum Direkter vum staatlechen Noriichtendéngscht Marco Mille a vu sengem Virgänger Charles Hoffmann, sou wéi och vun de verantwortleche Membere vum Reseau Stay behind an den 80er Joren.

D'Conclusioun vun den Aarbechte vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun ass, dass "absolut näischt op eng Verbindung tëschent deene verschiddene Bommenuschléi, déi tëschent 1984 an 1986 zu Lëtzebuerg stattfonnt hunn, an den Aktivitéite vum Reseau Stay behind hiweist. (…). "

1982: eng nach méi kontrolléiert Iwwerwaachung

D'Gesetz vum 26. November 1982 ergänzt de Code d'instruction criminelle duerch d'Artikelen 88-1, 88-2 an 88-3, déi d'Benotzung vun technesche Mëttele fir d'Iwwerwaachung an d'Kontroll vun all de Kommunikatiounsforme regelen, sief et Courrier, Telefon oder aner Mëttelen. Den Asaz vun dëse speziellen Untersuchungsmëttelen duerch den Noriichtendéngscht gëtt also ab dann unhand vun enger am Gesetz detailléierter Prozedur geregelt.

2004: déi éischt grouss Reform vum Noriichtendéngscht

Am Ufank vun dësem Joerhonnert huet sech de geopolitesche Kontext verännert. D'Bezéiungen tëschent den USA a senge westlechen Alliéierte mat der Federatioun vu Russland, der fréierer Sowjetunioun, hu sech nom Fall vun der Berliner Mauer wesentlech entspaant. Während beim Kale Krich d'Bedrohung vu Staatebléck ausgoung, sinn d'Bedrohungen am Ufank vum 21. Joerhonnert vill méi oniwwersiichtlech.

D'Gefor vum islamisteschen Terrorismus verfollegt d'Welt, besonnesch säit den Attentater vum 11. September 2001 an den USA. D'Politik strieft also un, den Noriichtendéngscht am präventive Kampf géint den drohenden Terrorismus anzebezéien, an d'Entstoe vun engem "moderne Geheimdéngscht, deen déi haiteg Ufuerderungen erfëllt a mat den auslänneschen an alliéierte Servicer kompatibel ass", ze fërderen. (Kuck och den  Rapport vun der Chamber-Kommissioun vun den Institutiounen an der Verfassungsrevisioun vum 13. Mee 2004 iwwert de Gesetzesprojet 5133 betreffend d'Organisatioun vum staatlechen Noriichtendéngscht, S. 3

D'Zil vum Gesetz vum 15. Juni 2004 war also deemools:

  • d'Missioune vum Service moderniséieren a se der Evolutioun vun de Bedrohungen upassen
  • d'Moyenen, déi dem Service a senge Mataarbechter zur Verfügung stoe sollen a säin Zougang zu Informatioune besser definéieren
  • verschidde Virgoensweisen am Gesetz erklären, ouni d'Geheimhalung vun de Missioune vum Service ze beanträchtegen
  • eng parlamentaresch Kontroll vun den Aktivitéite vum Service aféieren, fir déi scho besteeënd Kontrollen z'ergänzen.

D'Regierung ergräift also duerch dëst Gesetz d'Initiativ, de Service zudéifst ze reforméieren a seng Ressourcen haaptsächlech am Personalberäich ze stäerken.

Dat geännert Gesetz vum 5. Juli 2016: Deontologie, Ressourcen a Kontroll

Am November 2012 huet d'Press d'Existenz vun enger geheimer Opzeechnung vum deemolege Direkter vum Noriichtendéngscht während enger vu sengen Entrevuë mam Premierminister Jean-Claude Juncker verëffentlecht. D'Chamber huet doropshin eng Enquêtekommissioun agefouert, där hir Aufgab dora bestoung, "déi operationnell Methode vum Noriichtendéngscht säit senger Schafung z'iwwerpréiwen, hir Legalitéit ze kontrolléieren am Hibléck op déi gëllend Legislatioun zum Zäitpunkt, wou dës Methoden agesat goufen, der Chamber e Rapport ze maachen an dorausser am Aklang mam Paragraf 2 vum Artikel 189 vum Reglement vun der Chamber Konsequenzen ze zéien, an zwar esou séier wéi méiglech." Den 31. Januar 2013 erweidert d'Chamber déi ursprénglech Aufgab vun der Enquêtekommissioun "op d'Missiounen, d'Organisatioun an d'Fonctionnement vum Noriichtendéngscht.“ D'Schlussfolgerungen an Empfeelunge vun dëser Enquêtekommissioun goufen am Rapport vum 5. Juli 2013 verëffentlecht. An dësem Rapport steet ganz kloer, dass et "dréngend ass, eng Reform vum SREL-Organisatiounsgesetz duerchzeféieren".

Gläichzäiteg gouf den Ausmooss vun der Iwwerwaachung vum Noriichtendéngscht während dem Kale Krich an der Ëffentlechkeet breed diskutéiert a vill Bierger wollte wëssen, ob dëse Service en Dossier iwwert si zesummegestallt hat, an hunn den Zougrëff dorop ugefrot. Vun Dezember 2012 bis August 2018 goufe méi wéi 700 Zougangsufroen un d'Kontrollinstanz, déi duerch den Artikel 17 vum Gesetz vum 2. August 2002 iwwert de Schutz vun natierleche Persoune beim Traitement vu perséinlechen Daten agefouert gouf, geschéckt. Fir d'Bedeitung vum historeschen Archiv vum Noriichtendéngscht ze verstoen, huet d'parlamentaresch Enquêtekommissioun virgeschloen, enger Grupp vun Experten dës Analys unzevertrauen. No enger Ausschreiwung am Joer 2016, déi op Basis vum Gesetz vum 23. Juli 2016 iwwert d'Aféierung vum spezielle Statut vu spezifesche perséinlechen Daten, déi duerch den SRE traitéiert ginn, lancéiert gouf, ass eng Equipe vun zwee Fuerscher domat beoptraagt ginn, dës Date wëssenschaftlech auszewäerten.

Den Text vum Regierungsprogramm Enn 2013 huet ausdrécklech virgesinn, dass "fir d'Ëmsetzung vun de Schlussfolgerungen aus dem Ofschlossrapport vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun iwwert de staatlechen Noriichtendéngscht, iwwert déi den 10. Juli 2013 an der Chamber debattéiert gouf, d'rechtlech Aufgabe vum SREL nei definéiert wäerte ginn. All Form vu politesch Iwwerwaachung gëtt verbueden. Fir d'Notzung vun den Operatiounsmëttele vum Service gëtt e präzise legale Kader geschaaft."

D'Zil war also, dem neien Noriichtendéngscht eng méi adequat Rechtsgrondlag a Ressourcen zur Verfügung ze stellen, déi souwuel den aktuellen an zukünftegen operativen Ufuerderungen, wéi och den demokrateschen a rechtlechen Ufuerderunge vun der Rechtsstaatlechkeet entspriechen.

Den Text vum Gesetz vum 5. Juli 2016 baséiert haaptsächlech op den Empfeelunge vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun. Duerch dësen Text gëtt en nationalen Noriichtendéngscht mat engem kloere legale Kader an adaptéiert Kontrollmechanismen a -prozeduren ageriicht. (Weider Informatiounen zu de verschiddene Kontrollniveaue vum SRE fannt Dir am Kapitel "Renseignement: eng streng iwwerwaacht Welt"). D'Methode fir d'Sammele vun Informatioune ginn also hei kloer definéiert. Si ënnerleie strenge Bedéngungen a geneeë Kritären. Si mussen d'Prinzipie vun der Legitimitéit, der Proportionalitéit an der Subsidiaritéit respektéieren. (Weider Informatiounen zu dëse Prinzipie fannt Dir am Kapitel "SRE".)

Direktere vum Noriichtendéngscht

Jean-Pierre Brasseur éischten Direkter vum Noriichtendéngscht mam Akraafttriede vum Gesetz vum 30. Juli 1960
Roger Hoffmann
vum 9. Mäerz 1962 bis de 17. Mäerz 1978
Eugène Schockmel
August 1978 bis den 30. Abrëll 1985
Charles Hoffmann
vum 26. Abrëll 1985 bis den 1. Oktober 2003
Marco Mille
vum 17. Dezember 2003 bis den 28. Februar 2010
Patrick Heck
vum 1. Mäerz 2010 bis den 31. Dezember 2015
Doris Woltz
säit dem 1. Januar 2016. (cf. CV)

Aktualiséiert