Aktivitéiten

Villfälteg Aktivitéiten am Déngscht vun der Präventioun

Fir sech effektif géint Terrorismus, Spionage oder géint Cyberugrëff ze wieren ass d'Aarbecht vun de  Noriichtendëngschter indispensabel. Fir sech de Geforen ze stellen, déi eis Gesellschaft bedrohen, musse mir onbedéngt eist Wëssen ausbauen an eis Anticipatiounsfäegkeeten entwéckelen.

Den Noriichtendéngscht (SRE) ass ee vun den Instrumenter vun der lëtzebuergescher Sécherheetspolitik. Seng Aufgab besteet doranner, d'Bedrohunge vun der nationaler Sécherheet fréizäiteg z'erkennen, éier si sech materialiséieren. Dës präventiv Aarbecht gëtt der Regierung d'Méiglechkeet, permanent kënnen op eng Bewäertung vun der Sécherheetssituatioun vum Land zeréckzegräifen. Si erméiglecht och den aneren Acteuren, déi sech fir d'Sécherheet vu Lëtzebuerg asetzen, an hirem jeeweilege Beräich opgrond vun deene fir si pertinenten Informatiounen zum richtegen Zäitpunkt anzegräifen.

Den SRE féiert also Untersuchunge mam Zil, zu Präventiounszwecker Informatiounen iwwert Bedrohungen am Zesummenhang mat Terrorismus, Spionage, Verbreedung vu Massevernichtungswaffen a Cyberberäich ze sammelen. Hien traitéiert dës Informatiounen, analyséiert se, bewäert se an deelt d'Resultat vun dëser Analys mat anere Partner op nationalem an internationalem Niveau. Effektiv erméiglecht den internationalen Informatiounsaustausch zesummen eng besser Gesamtbewäertung vun der Situatioun auszeschaffen, wat och zur Stäerkung vun der nationaler Sécherheet bäidréit.

Kampf géint den Terrorismus

D'terroristesch Bedrohung bleift op europäeschem Niveau weiderhin héich. Se stellt och eng Bedrohung fir d'Gesellschaft an eis demokratesch Wäerter duerstellen.

D'international Zesummenaarbecht spillt eng wesentlech Roll am Kampf géint dës Bedrohung. D'Identifizéierung an d'Zerstéierung vun terroristesche Strukturen an Europa sinn d’Resultater vun enger ëmmer méi enker Zesummenaarbecht tëschent deene verschiddenen Noriichtendéngschter. Dës Kooperatioun beschränkt sech net op en einfachen Austausch vun Informatiounen. Besonnesch am Kampf géint den Terrorismus gëtt déi multilateral Kollaboratioun ëmmer méi operationell. An Europa tauschen d'Sécherheetsdéngschtagenten zum Beispill an Echtzäit Informatiounen aus an entwéckelen zesumme Strategië fir d'Bekämpfung vu konkrete Bedrohungen. Dës multilateral Zesummenaarbecht huet zur Arrestatioun vun Terroriste bäigedroen an huet Gewaltdote verhënnert.

Op nationalem Niveau schafft den SRE permanent mat de Justizautoritéiten, mat de Servicer vun der Groussherzoglecher Police, mam Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN) an aneren Administratiounen zesummen. An dësem Kontext ass den SRE ënner anerem bei de regelméissege Reunioune vun der Koordinatiounsgrupp fir d'Terrorismusbekämpfung (GCT), déi vum HCPN geleet gëtt, dobäi. 

Déi vum SRE am Kader vu senger Missioun am Kampf géint den Terrorismus gesammelt Renseignementer kënnen zu Iwwermëttlungen un de Parquet féieren op Basis vum Artikel 23 (2) vum Code de procédure pénale, dee stipuléiert, dass all offiziell Autoritéit, all ëffentleche Beamten oder Fonctionnaire, dee bei der Ausübung vu senge Funktiounen Dotebestänn matkritt, déi engem Verbriechen oder enger Strofdot entsprieche kéinten, verflicht ass, de Procureur d'État direkt doriwwer z'informéieren.

Verbreedung vu Massevernichtungswaffen ënnerbannen

Zu den Aufgabe vum SRE gehéiert d'Verhënnere vun der Verbreedung vu Massevernichtungswaffen an Technologien, Produkter a Kenntnisser, déi fir hir Hierstellung noutwenneg sinn. Eng onkontrolléiert Verbreedung vun dësen Technologië stellt effektiv eng Gefor fir d'international Stabilitéit duer a kann zu engem Rüstungswettlaf oder zu schwéier kontrolléierbare militäresche Konflikter féieren.

D'Entwécklungsprogrammer fir Massevernichtungswaffen, a besonnesch Nuklearrüstungsprogrammer spillen eng wesentlech Roll bei regionalen an internationale Krisen. An dësem Kontext versicht d'international Communautéit, den Handel mat sougenannte "Gidder mat duebelem Verwendungszweck" ze bekämpfen, déi fir Länner bestëmmt sinn, déi europäeschen oder UN-Sanktiounen ënnerleien. "Gidder mat duebelem Verwendungszweck" si Produkter, déi souwuel fir zivil wéi fir militäresch Zwecker benotzt kënne ginn. Och Lëtzebuerg, als europäesch Plattform a Saache Logistik, ass vun dësem Aspekt betraff a schafft enk mat sengen nationalen an internationale Partner an dësem Beräich zesummen.

Op Grondlag vum Gesetz vum 27. Juni 2018 iwwert d'Kontroll vum Export, vum Transit a vum Import vu streng ziville Gidder, verteidegungsrelevante Produkter a Gidder mat duebelem Verwendungszweck iwwermëttelt den SRE dem Office fir d'Kontroll vum Export, vum Import a vum Transit Informatiounen a Risikobewäertungen iwwert den Export vun dëse Wueren. Am Kader vun dëser Risikobewäertung sollicitéiert den SRE regelméisseg d'Ënnerstëtzung vun de Partnerservicer.

Laut Artikel 9 (Zesummenaarbecht mat nationalen an internationalen Autoritéiten) vum Gesetz vum 5. Juli 2016 stellt den SRE der Douane (ADA) Informatiounen zur Verfügung, wann dës fir d'Erfëllung vun hirer Missioun nëtzlech sinn.

Kampf géint Spionage an Ingerence

Verschidde Staate benotze Spionage, fir un Informatiounen ze kommen, déi net ëffentlech disponibel sinn. Fir d'Interête vun eisem Land ze schützen, besteet d‘Missioun vum SRE doran, dës Aktivitéiten ze verhënneren an ze detektéieren, déi net nëmmen d'Souveränitéit vun den Zilstaate verletzen, mä och fir Manipulatiouns- oder souguer Sabotagezwecker benotzt kënne ginn. Dat nennt ee "Spionageofwier". Spionage gëtt illegal op dem Territoire vum Zilstaat oder op Distanz iwwert de Cyberberäich duerchgefouert.

An deem Sënn gëtt ëmmer méi vun hybrider Bedrohung geschwat. Dës geet vu feindleche Staaten aus, déi versichen, duerch geziilt Aktiounen eis demokratesch Gesellschaften ze schwächen an den internationale System ze destabiliséieren. Eng ganz Rei Mëttele wéi Propaganda, klassesch Spionagemethoden oder Feelinformatiounen op soziale Medie ginn zu dësem Zweck benotzt.

D'Cyberbedrohung gëtt omnipräsent

An deene leschte Joren hu sech elektronesch Ugrëff (géint staatlech oder privat Ariichtungen) an der ganzer Welt geheeft a Lëtzebuerg ass och dovunner betraff. Wann d'technologesch Entwécklungen am Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien enorm Fortschrëtter mat sech bruecht hunn, hu se och zu enger drastescher Erhéijung vun der Quantitéit vu séier disponibelen Daten a vum Austausch vun dësen Date gefouert. Fir dës Bedrohungen ze verhënneren, kooperéiert den SRE mat wichtegen nationalen Acteure wéi zum Beispill de CERT gouvernemental Luxembourg, den HCPN an de Computer Incident Response Center Luxembourg (CIRCL). Ausserdeem ass de Service Member vum Cyber Security Board an dréit dozou bäi, déi national Strategie a Saache Cybersécherheet auszeschaffen an en Noutplang am Fall vun Ugrëff géint d'Informatiounssystemer z'elaboréieren. Duerch d'Aart an d'Ausmooss vun de Cyberugrëff ass och an dësem Beräich eng international Kooperatioun absolut noutwenneg.

National Autoritéit fir Sécherheet

D'Verëffentlechung vu bestëmmte sensibelen Informatioune kéint de grondleeënden Interête vum Staat schueden. Dës Informatioune ginn dem Klassifikatiounsgrad no geschützt, dee vu "vertraulech", "geheim" bis "ganz geheim" geet. Den Zougang op dës Informatiounen ass dofir op e ganz klenge Persounekrees beschränkt, déi eng Sécherheetshabilitatioun oder Clearance hunn. Fir dës Habilitatioun ze kréien, mussen d'Persounen, déi duerch hir Aarbecht klassifizéiert Informatiounen traitéiere mussen, eng Demande bei der Nationaler Autoritéit fir Sécherheet maachen an am Viraus domat averstane sinn, sech enger Enquête z'ënnerzéien. D'National Autoritéit fir Sécherheet ass fir d'Enquêten zoustänneg, déi eventuell Sécherheetsrisike bei de Persounen, déi Zougang zu klassifizéiert Informatioune kréie sollen an zu all Moment d'Garantien vun Diskretioun, Loyautéit an Integritéit musse bidden, ermëttele sollen. Zu Lëtzebuerg iwwerhëlt den SRE d'Aufgabe vun der Nationaler Autoritéit fir Sécherheet duerch d'Gesetz vum 15. Juni 2004 iwwert d'Klassifizéierung vun de Pièces an iwwert d'Sécherheetshabilitatiounen. 

Aktualiséiert