Beim SRE schaffen

Beim SRE schaffen heescht sech an engem usprochsvollen, international orientéierten Ëmfeld entwéckelen an Deel vun enger Equipe mat ganz ënnerschiddleche Profiller ze sinn. Den SRE ass ee vun den Haaptacteuren an der Sécherheetslandschaft vu Lëtzebuerg a setzt sech fir de Schutz vum Land a senge Bierger an. De Service sammelt an traitéiert Informatiounen an enger Präventiounsoptik, fir d'Regierung an Echtzäit iwwert d'Sécherheetssituatioun z’informéieren. Fir seng Missioun z'erfëllen, schafft den SRE mat enger ganzer Rei Partner aus dem Land a weltwäit zesummen.

 

Eng ganz Rei Beruffsopportunitéiten

Cyber-Spezialist, Jurist, Iwwersetzer, Antiproliferation-Analyst... den SRE rekrutéiert ganz villfälteg Profiller. Hie stellt och Persounen an, déi als sougenannt "operationell Agenten" um Terrain schaffen. Am Kader vun der Aarbecht am Service ass den Austausch mat nationalen an internationale Partner besonnesch heefeg. Speziell Formatiounen a Seminairë bidden och beräicherend Méiglechkeeten, aner Experten aus all méigleche Secteuren ze treffen.

Den Duerchschnëttsalter vun der Equipe läit elo bei 42 Joer a 37% vum Personal si Fraen, dorënner och déi aktuell Direktioun.

Wéi eng Qualifikatiounen?

De Service ass net fir Abenteurer gëeegent. Hie brauch qualifizéiert Mataarbechter, deenen d'national Sécherheet um Häerz läit. Fir an dësem Beruff ze schaffen, sinn Eegeschafte wéi Reaktivitéit, e gutt allgemengt Wëssen, emotional Stabilitéit, Initiatives- a Teamgeescht extrem wichteg. Et gëtt och eng grouss Diskretioun an Disponibilitéit verlaangt. D'Personal muss ausserdeem verschidde Sprooche beherrschen a sech gutt schrëftlech wéi och mëndlech ausdrécke kënnen. Et muss een och bereet sinn, regelméisseg ze reesen oder u Formatiounen deelzehuelen.

D'Membere vum SRE ginn no de Modalitéite vum applicabele Gesetz a staatleche Virschrëfte rekrutéiert an agestallt. Déi fräi Poste ginn op der Internetsäit www.govjobs.lu  annoncéiert. All d'Persounen, déi do schaffen, besëtzen eng Sécherheetshabilitatioun mam Grad, deen der Vertraulechkeet vun hirer Missioun entsprécht. Fir dës Habilitatioun ze kréien, déi fir den Traitement vu klassifizéierten Informatiounen absolut noutwenneg ass, muss ee sech enger Sécherheetsenquête ënnerzéien, fir déi d'Modalitéiten duerch d'Gesetz vum 15. Juni 2004 iwwert d'Klassifizéierung vun de Pièces an iwwert d'Sécherheetshabilitatioune festgeluecht sinn. Den Zweck vu sou enger Enquête ass, z'iwwerpréiwen, ob den Demandeur d'Bedéngungen a Saachen Diskretioun, Loyalitéit an Integritéit erfëllt an him den Zougrëff op klassifizéiert Dokumenter accordéiert ka ginn.

Kontakt

Aktualiséiert