Wéi mir schaffen

Vun der Informatiounsbeschafung bis zum Renseignement

 

De Renseignementszyklus ass e Modell, deen et erlaabt d'Aarbecht vun engem Noriichtendéngscht ze organiséieren an déi verschidde Schrëtt ze beschreiwen, déi néideg si fir Renseignementer ze produzéieren. Dësen zyklesche Prozess baséiert op enger dynamescher a kontinuéierlecher Evaluatioun vun den Informatiounen. Doduerch ass eng permanent Upassung un d’Evolutioun vun de Bedroungen an dem Kontext méiglech, grad ewéi un nei optriedende Besoinen déi sech doraus erschléissen.

E besteet aus fënnef Etappe mam Zil pertinent an dem Kontext entspriechend Renseignementer bereet ze stellen, déi hëllefe sollen Entscheedungen ze treffen.

1. Orientatioun

Déi éischt Etapp besteet doranner de Besoin un Informatioun ze definéieren. Dës Besoine gi vum Ministercomité formuléiert, deen déi allgemeng Renseignementspolitik an d'Orientéierung vun den Aktivitéite vum SRE bestëmmt. Dës Besoinen hänken allerdéngs och, ënner anerem, vun de geopoliteschen Entwécklungen of. Dës weidere leet och d'Kadergesetz vum SRE (Gesetz vum 5. Juli 2016 iwwert d'Reorganisatioun vum Service de Renseignement de l'État) fest, wéi eng Bedroungen den Déngscht antizipéieren a verhënnere soll. D'Zesummenaarbecht mat den nationalen an internationale Partner vum SRE erméiglecht et och nei Phenomener ze identifizéieren an d'Bedroungen engem Kontext zouzeuerdnen.

Op dëser Grondlag ginn déi identifizéiert Besoinen a prezis Ziler ëmgesat (dat heescht relevant Informatiounselementer), esou datt d'Informatiounsbeschafung gesteiert ka ginn. Dëse Prozess ass dynamesch, dat heescht e ka permanent un d'Evolutioun vun de Besoinen a vum Kontext ugepasst ginn.

2. Recherche a Sammlung

D'Beschafe vun Informatiounen erfollegt geziilt a geméiss de Besoinen, déi an der viregter Etapp identifizéiert goufen.

Den SRE mobiliséiert, am Aklang mat de Prinzippie vu Proportionalitéit a Subsidiaritéit, verschidden Informatiounsquellen. Dës Informatioune kënnen aus ëffentlech zougängleche Quellen oder vu Persoune kommen, grad esou wéi duerch den Austausch mat nationalen an internationale Partner. Des Weidere ginn och verschidde Mëttel a Moossnamen agesat, déi dem Kontext entspriechen. D'Notzung vun de Ressourcen an de Mëttel ass streng gesetzlech gereegelt an ënnerläit verschiddenen onofhängege Kontrollinstanzen (kuckt: Opsiicht vum SRE).

3. Analys vun den Informatiounen

Déi drëtt Phas ass eng wichteg Etapp am Zyklus vum Renseignement. Hei ginn nämlech sämtlech Informatiounen, déi gesammelt goufen, zesummegefaasst. Si ginn analyséiert a mateneen ofgeglach fir se op hir Kohärenz a Glafwierdegkeet ze kontrolléieren. D'Resultat vun dëser Analys ergëtt eng global a kohärent Visioun vun der Situatioun, déi eng zouverlässeg Aschätzung vun der Bedroung erméiglecht.

4. Produktioun vum Renseignement

An dëser Etapp gëtt op Basis vun de gesammelten an traitéierten Informatiounen eng final Renseignementsanalys ausgeschafft.

Dës Produktioune kënne ënnerschiddlech Formater hunn. Et kann sech zum Beispill ëm e Renseignementsbericht handelen, deen eng objektiv Analys op Basis vu standardiséierte Methoden enthält an nei Menacen identifizéiert, déi eng Gefor fir déi national Sécherheet duerstellen.

5. Diffusioun

D'Diffusioun vun den Informatiounen huet follgend Zwecker:

  • déi geriichtlech oder polizeilech Ermëttlungen z'ënnerstëtzen, déi d'Bevëlkerung virun identifizéierte Bedrounge schütze sollen;
  • déi politesch Entscheedungsdréier fir verschidde Phenomeener ze sensibiliséieren an/oder si iwwer potentiell Menacen z'informéieren;
  • nei Informatiounsbesoinen z'identifizéieren oder bestoend Besoinen ze preziséieren, wouduerch de Renseignementszyklus relancéiert gëtt.