Opsiicht

De Renseignement: eng streng iwwerwaacht Welt
 

 

Säit dem 1. Januar 2016 gouf d'Doris Woltz mat der Leedung vum Noriichtendéngscht beoptraagt (cf. CV). De Service besteet aus 4 internen Departementer: Renseignement, Administratioun, Technik, National Autoritéit fir Sécherheet.

Professionalitéit a Rechtssécherheet

D'Erausfuerderung fir de staatlechen Noriichtendéngscht besteet haut doran, eng grouss Professionalitéit a Saache Präventioun mat engem héije Schutzniveau vum Eenzelnen a senger Privatsphär ze verbannen. Fir souwuel de Bierger wéi de Fachleit vum Noriichtendéngscht eng Rechtssécherheet ze garantéieren, huet d'Regierung versicht, d'Kontroll vum SRE duerch d'Aféierung vun engem Iwwerwaachungssystem op véier Niveauen ze verstäerken; dräi am Virfeld an een a posteriori:

Op politeschem Niveau: e Ministercomité fir de Renseignement, dee momentan aus dräi Regierungsmembere besteet (Staatsminister an zwee Vizepremierminister), leet d'allgemeng Renseignementspolitik fest a bestëmmt d'Orientéierunge vun den Aktivitéite vum SRE. En ass ausserdeem fir déi permanent Iwwerwaachung vun dësen Aktivitéiten zoustänneg. Eemol am Mount mécht den Direkter dem Comité e Rapport.

Op administrativem Niveau: d'Regierung nennt en Delegéierte beim SRE. Dës Persoun huet eng Sécherheetshabilitatioun vun Niveau "GANZ GEHEIM" an iwwerwaacht d'internt Fonctionnement vum Service a mécht regelméisseg e Rapport un den zoustännege Minister. Kee Geheimnis kann him virenthale ginn. Hien huet eng eegen Untersuchungs- an Opsiichtskompetenz innerhalb vum SRE, ouni sech allerdéngs an déi dagdeeglech Ausféierung vun den Aufgabe vum Service amëschen ze kënnen, fir déi eleng den Direkter responsabel ass.

Um Niveau vun de Geriichtsinstanzen: eng Spezialkommissioun, déi sech aus dräi Magistraten zesummesetzt, nämlech dem President vun der Cour supérieure de justice, dem President vum Verwaltungsgeriicht an dem President vum Bezierksgeriicht zu Lëtzebuerg. Verschidden operativ Mëttel a Moossname vum SRE, wéi den Asaz vun techneschen Intrusiounsmëttelen an d'Iwwerwaachung vun alle Kommunikatiounsformen, gi fir d'éischt vun der Spezialkommissioun aviséiert, an duerno vum Ministercomité ordonnéiert.

Op parlamentareschem Niveau: d'Aktivitéite vum SRE gi vun der Kommissioun fir d’parlamentaresch Kontroll vum staatlechen Noriichtendéngscht kontrolléiert. Dës besteet aus de Vertrieder vun de politeschen an technesche Gruppen, déi vun deene virgeschloe ginn. (Reglement vun der Chamber, koordinéierten Text, aktualiséiert de 16. Januar 2018)

Momentan ginn dës Kontrollen op méintlecher Basis duerchgefouert. Den Direkter vum SRE informéiert Kommissioun fir d’parlamentaresch Kontroll mindestens all Trimester iwwert all d'Aktivitéite vum SRE. All sechs Méint gëtt d'Kommissioun iwwert d'Iwwerwaachungs- a Kontrollmoossnamen vun de Kommunikatiounen informéiert. Si kann op eegen Initiativ geziilt Kontrolle vun den Aktivitéite verlaangen.

Traitement vu perséinlechen Daten

Den Direkter vum SRE ass fir den Traitement vu perséinlechen Daten, déi der Duerchféierung vun den Aufgabe vum SRE déngen, verantwortlech. En ernennt, esou wéi vum Art. 10 vum Gesetz vum 5. Juli 2016 iwwert d’Reorganisatioun vum Service de Renseignement de l'État virgesinn, en Dateschutzbeoptraagten, deen zoustänneg ass fir d'Duerchsetzung vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwert de Schutz vun natierleche Persounen a Bezuch op den Traitement vu perséinlechen Daten am Strofrecht an hisiichtlech der nationaler Sécherheet, a fir d'Ëmsetzung vun de Sécherheetsmoossnamen a Bezuch op déi vum SRE traitéiert Daten.

D'Kontrollinstanz, déi duerch den Artikel 3 vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwert d'Schafung vun der Nationaler Dateschutzkommissioun a vum allgemenge Regime fir den Dateschutz instauréiert gouf, ass laut Art. 39 vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwert de Schutz vun natierleche Persounen a Bezuch op den Traitement vu perséinlechen Daten am Strofrecht an hisiichtlech der nationaler Sécherheet dofir zoustänneg z'iwwerpréiwen, ob den SRE d'Rechtsvirschrëfte respektéiert.

Den Artikel 13 vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwert de Schutz vun natierleche Persounen a Bezuch op den Traitement vu perséinlechen Daten am Strofrecht an hisiichtlech der nationaler Sécherheet regelt d'Zougrëffsrecht vun der betraffener Persoun. Dës Persoun huet also d'Recht, vum SRE bestätegt ze kréien, ob perséinlech Daten iwwert si traitéiert ginn oder net. Laut Artikel 14 vum Gesetz vum 1. August 2018 kann de Responsabel fir den Traitement, d'Zougrëffsrecht vun der betraffener Persoun allerdéngs ganz oder deelweis limitéieren, besonnesch wann et ëm de Schutz vun der nationaler Sécherheet geet. Ausserdeem huet déi betraffe Persoun d'Recht, d'Rektifikatioun oder d'Läsche vun hiren perséinlechen Daten ze verlaangen, sou wéi d'Aschränkung vum Traitement vun dësen Daten (Art. 15).

Kontakt: 

Service de Renseignement de l’État

B.P. 467

L-2014 Lëtzebuerg

Den Dateschutzbeoptraagten: sre_dpo@me.etat.lu 

Wann eng Persoun fënnt, dass den Traitement vun de perséinlechen Daten, déi si betreffen, géint d'Bestëmmunge vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwert de Schutz vun natierleche Persounen a Bezuch op den Traitement vu perséinlechen Daten am Strofrecht an hisiichtlech der nationaler Sécherheet verstéisst, ka si eng Reklamatioun bei der Nationaler Dateschutzkommissioun areechen. (Art. 44 (1))

Finanziell Kontroll

D'Cour des comptes iwwerpréift d'Comptabilitéit vum SRE a regelméissegen Ofstänn.

Aktualiséiert