An deem Fall kënnt Dir eise Kontaktformulaire online ausfëllen oder eis per E-Mail op info@me.etat.lu kontaktéieren.
Äre Message muss follgend Informatiounen enthalen:
- Äre vollstännegen Numm a Virnumm;
- Ären Employeur oder d'Organisatioun déi Dir representéiert (falls zoutreffend);
- Äre Message an deem Dir d'Situatioun beschreift, déi Dir melle wëllt oder d'Informatiounen, déi Dir sicht;
- eng Telefonsnummer, falls Dir vum SRE telefonesch kontaktéiert wéilt ginn.
All Informatioun déi Dir eis matdeelt gëtt streng vertraulech behandelt.