Wuert vun der Direktesch
No laangjäreger Erfarung am Beräich vum Renseignement an ënnerschiddleche Féierungsfunktioune bannent dem Service steet d'Jeanne Schumacher zënter Juni 2024 un der Spëtzt vum SRE.
Den SRE presentéiert sech haut als modernen an innovativen Noriichtendéngscht.
An engem internationale Sécherheetsëmfeld, dat vun asymmetresche bewaffnete Konflikter, vun enger Erosioun vun der multilateraler Uerdnung an dem Zerfall vun der globaler Sécherheetsstruktur gepräägt ass, evoluéieren d'Noriichtendéngschter an engem Kontext, deen ëmmer méi instabil a komplex gëtt. D'Menacë verschwannen net méi, mee si iwwerlageren sech an huelen nei Formen un. Déi konstant Ausmooss an dauerhaft Intensitéit vun dësen Entwécklunge schafen en Ëmfeld, dat besonnesch brisant ass. Dëst erfuerdert eng maximal Alarmbereetschaft an eng kontinuéierlech Verbesserung vun eisen Upassungsfäegkeeten.
Déi national Sécherheet huet sech mëttlerweil zu enger interdisziplinärer Erausfuerderung entwéckelt, déi sämtlech Beräicher vun eiser Gesellschaft betrëfft. Extern Acteure probéieren eis Demokratië vu bannen ze destabiliséieren, andeem si strukturell, wirtschaftlech, technologesch, akadeemesch a gesellschaftlech Schwaachstellen ausnotzen. Esou Aktioune sinn Deel vun Destabiliséierungsstrategie mam Zil Vertrauen ze ënnergruewen, Gesellschaften ze polariséieren an hir kollektiv Widderstandsfäegkeet ze schwächen. Och den Terrorismus hëlt ëmmer nees nei Formen un, mat Methoden déi ëmmer méi onduerchsiichteg ginn a méi schwéier ze antizipéiere sinn. Parallel dozou ginn eis Wëssenslandschaft, eis Innovatiounen an eis Institutiounen Zil vu Spionageaktivitéiten an Ingerencen. D'Cybermenace huet hirersäits däitlech zougeholl. Dobäi dréit déi ëmmer méi verbreet Notzung vu kënschtlecher Intelligenz dozou bäi, datt souwuel Cyberugrëffer wéi och d'Verdeedegung ëmmer méi komplex ginn.
An dësem exigenten Ëmfeld kritt d'Missioun vum Noriichtendéngscht hir ganz Bedeitung: virausgesinn, opklären, ofwieren. Den SRE dréit wesentlech zu dëser Aufgab bäi, andeems e Gefore fir déi national Sécherheet fréizäiteg identifizéiert an zouverlässeg Analysen erstellt, déi den Entscheedungsdréier als Grondlag fir d'Ëmsetze vun adequate Mesuren déngen. Domat leescht de Service e konkreeten an onëmgängleche Bäitrag zur Sécherheet vun eisem Land, vu sengen Institutiounen a vu senge Partner. D'Effikassitéit vum SRE berout virun allem op de Fraen a Männer, déi de Service droen: inteeger an engagéiert Mataarbechterinnen a Mataarbechter mat héijer fachlecher Expertis.
Mir sinn eis bewosst, datt en déifgräifend Verständnis vun den aktuelle Menacen nëmmen duerch en intensiven Informatiounsaustausch méiglech ass. Dofir schaffe mir permanent dorun, eis Zesummenaarbecht mat eisen nationale wéi och internationale Partner weider auszebauen. Dësen deeglechen Austausch stäerkt d'Qualitéit vun eisen Analysen, erweidert eise Bléck op sécherheetsrelevant Entwécklungen an erméiglecht eng méi effikass Koordinatioun vis-à-vis vu Geforen, déi dacks iwwer national Grenzen erausginn. Gläichzäiteg gëtt den SRE als aktiven an zouverlässege Partner an der internationaler Zesummenaarbecht tëscht den Noriichtendéngschter unerkannt. Dës kooperativ Dynamik ass vu grousser Bedeitung: Si ass eng wichteg Grondlag fir eis gemeinsam Fäegkeet, Sécherheetsufuerderunge fréi ze erkennen an hinnen effikass entgéintzewierken.
Genee dës Stäerkte loosse mech mat Vertrauen no vir kucken – trotz de groussen Erausfuerderungen, déi virun eis leien. An de leschte Joren huet den SRE ëmmer nees ënner Beweis gestallt, datt en op nei Menacë reagéiere kann, a fäeg ass seng Kompetenzen ze stäerken an technologesch Entwécklunge fir seng Missioun geziilt ze notzen. Den SRE presentéiert sech haut als modernen an innovativen Noriichtendéngscht, dee sengem usprochsvollen Opdrag gerecht gëtt.
Mir kucken entschloss an d'Zukunft. Mir wäerten eis Partnerschafte weider stäerken an eis zentral Missioun konsequent erfëllen: Menacen, déi Lëtzebuerg, seng Institutiounen a seng Partner a Gefor brénge kéinten, fréi ze erkennen, ze evaluéieren an hinnen entgéintzewierken.
Jeanne Schumacher
Direktesch vum SRE
Aktualiséiert den