Wat ass eng Sécherheetshabilitatioun?
Eng Sécherheetshabilitatioun (oder nach "Clearance" genannt) ass gesetzlech virgeschriwwen, wann eng Persoun am Kader vun hirer berufflecher Aktivitéit oder Funktioun op klassifizéiert Informatiounen zougräife muss, déi vun "RESTREINT" bis "TRÈS SECRET" kënnen agestuuft sinn. Ënnert "klassifizéiert Informatiounen" versteet ee sensibel Donnéeën, déi bei enger onerlaabter Verëffentlechung der Sécherheet vu Lëtzebuerg oder engem Partnerstaat, den internationale Bezéiunge vum Grand-Duché oder nach dem wëssenschaftlechen a wirtschaftleche Potential vum Land schuede kéinten.
Wéi kritt een eng Sécherheetshabilitatioun?
Zu Lëtzebuerg ginn d'Sécherheetsattestatioune vun der Nationaler Autoritéit fir Sécherheet (ANS) ausgestallt, dat nodeems eng Sécherheetsenquête gemaach gouf an d'Habilitatioun vum Premierminister ënnerschriwwe gouf.
D'ANS féiert d'Sécherheetsenquête op Basis vun enger motivéierter Ufro vum Sécherheetsoffizéier duerch, deem déi betraffe Persoun ënnersteet, fir déi den Zougrëff op déi klassifizéiert Dokumenter soll autoriséiert ginn.
Zil vun esou enger Enquête ass et z'iwwerpréiwen, ob den Demandeur déi néideg Garantië vun Diskretioun, Loyalitéit an Integritéit matbréngt, fir Zougrëff op klassifizéiert Informatiounen ze kréien an dës dierfen ze traitéieren.
Och juristesch Persounen, wéi privat Betriber, kënnen eng Sécherheetshabilitatioun kréien, wann si déi néideg Garantien a Bezuch op déi materiell an technesch Mëttelen an d'Methoden zum Schutz vu klassifizéierten Informatiounen erfëllen, souwéi a Bezuch op d'Diskretioun, d'Loyalitéit an d'Integritéit vun den Organer, déi méiglecherweis Zougang zu klassifizéierten Informatiounen hunn.
Wéi eng Klassifikatiounsgrade ginn et?
Klassifizéiert Informatioune gi jee no Sensibilitéit a véier Niveauen agedeelt. De Klassifikatiounsgrad bestëmmt och déi physesch Sécherheetsmoossnamen an Zougrëffskontrollen, déi opgestallt musse ginn, fir déi betraffen Donnéeën ze schützen.
Zu Lëtzebuerg gi sensibel Informatiounen a véier Niveaue klassifizéiert:
- TRÈS SECRET LUX (Streng geheim LUX)
- SECRET LUX (Geheim LUX)
- CONFIDENTIEL LUX (Vertraulech LUX)
- RESTREINT LUX (Nëmme fir den Déngschtgebrauch LUX)
Fir op klassifizéiert Informatioune kënnen zouzegräifen, muss déi betraffe Persoun zwou Bedéngungen erfëllen:
- Si muss Titulaire vun enger Sécherheetshabilitatioun sinn, déi op d'mannst dem Astufungsgrad vun der klassifizéierter Informatioun entsprécht. Beispill: Just eng Persoun mat der entspriechender Sécherheetshabilitatioun kann op Informatiounen zougräifen, déi als streng geheim agestuuft sinn (TRÈS SECRET LUX).
- De sougenannte Prinzip vum "Need-to know" (Kenntnis nëmme falls néideg) muss erfëllt sinn. Dat bedeit, dass déi betraffe Persoun Zougrëff op eng bestëmmten Informatioun brauch, hiren Inhalt kenne muss, oder se an hire Besëtz kréie muss, fir hir Aarbecht oder hir berufflech Missioun kënnen auszeféieren.
Op europäeschem an internationalem Niveau ginn et zousätzlech Kategorie vu Klassifikatiounen.
Gesetzlech Grondlagen: Gesetz vum 15. Juni 2004 iwwert d'Klassifizéierung vun de Piècen an iwwert d'Sécherheetshabilitatiounen (op Franséisch).